Vill Jore laang huet d’Sandweiler Krëppche Grouss a Kleng faszinéiert. Déi lescht Joere sinn e puer Problemer beim Opbau an och beim Ausstelle vun der Krëppchen opgedaucht. Ënner anerem ass dacks d’Elektresch ausgefall.
Déi Sandweiler Kierchefabrik huet décidéiert fir dëse Chrëschtdag e puer noutwenneg Ännerungen ze man. Et ass net esou, datt déi fréier Krëppche ganz ewech gehäit gëtt. Neen, am Géigendéel, si gëtt a Valeur gesat am Kader vun e puer Neierungen. Dir sidd häerzlechst invitéiert, d’Krëppchen an der Chrëschtzäit kucken ze kommen.
Wie wëllt eppes zou de Käschte bäidroen, kann en Don op den CCPL vun der Sandweiler Kierchefabrik mat der Mentioun „Krëppchen“ man.
D’IBAN Nummer ass LU20 1111 0386 3327 0000.
Villmools Merci am viraus.
Weider…
Déi Jugendlech, déi sech fir d’Firmung gemellt hun, treffen sech eng éischte Kéier e Samschdeg, de 7. Januar 2012 vun 10.00 bis 12.00 Auer zu Sandweiler am Porzentrum (Cumulus - 44 rue principale).
Weider…
An eisem Porverband ass d’Feier vun der Éischter Helleger Kommioun de 15.04.12 fir d’Kommiounskanner aus der Gemeng Conter an den 22.04.12 fir d’Kommiounskanner aus der Gemeng Sandweiler.
Déi éischt feierlech Kommioun ass fir Är Kanner eng wichteg a wäertvoll Etapp op hirem Glaweswee. An der Helleger Kommioun däerfe si de Jesus Christus eng éischte Kéier perséinlech ëmfänken. Dofir wiere mir frou, wann Dir bereet wiert, ze hëllefen, Är Kanner op dëse wichtegen Dag virzebereeden, well Är Kanner sinn op Iech ugewisen – och fir déi reliéis Froen.
Dir kënnt hëllefen duerch eng sérieux Ënnerstëtzung… all Dag: wann Dir mat Ärem Kand biet (moies oder owes, vrum Iessen, e “Vater Unser”, e Kannergebiet, e fräi formuléiert Gebiet oder…); all Woch: wann Dir mat Ärem Kand an d’Sonndesmass kommt, Samschdes owes oder Sonndes moies (wou spillt keng Roll: mir hunn am Prinzip zwou bis dräi Sonndesmassen zur Auswiel – kuckt um Porblat). D’Kanner si jo bal ëmmer op den Auto ugewisen…; ëmmer erëm: wann Dir an Ärer Famill iwwert den Härgott schwätzt an Ärem Kand vum Jesus erzielt (et gëtt vill gutt Bicher!); wann Dir Ärem Kand Respekt virum Reliéise bäibréngt…; no der Kommioun: wann Dir dëse Wee mat Ärem Kand weider gitt, well eréischt no der éischter Kommioun geet et richteg lass (leider halen déi meescht dann op…).
Wann Dir mat engem Punkt vun hei uewen e Probleem hutt, da wier et gutt, wann Dir doriwwer nodenke géift, ob et wierklech sënnvoll ass, datt Äert Kand d’Kommioun mécht. D’Kommioun ass fräiwëlleg! Et gëtt kee gezwongen, a gesellschaftlech Zwäng gëtt et gottseidank och net méi. Als Geeschtlech an als Porverbandsgemeinschaft respektéiere mir Är éierlech Décisioun, wa si konsequent ass (nom Motto: “Entweder maache mir mat, an da richteg, oder awer mir loossen et sinn!”) Är Paschtéier si gär bereet, mat Iech an d’Gespréich ze kommen.
Mir invitéieren d’Eltere vun de Kommiounskanner, an déi respektiv Virbereedungsversammlungen ze kommen, sech do engagéiert anzebréngen an esou gutt wéi et geet bei der Préparatioun vun der Kommioun eng Hand mat unzepaken.
Merci am Viraus fir Är Hëllef an Äert Engagement! Eng wäertvoll a gutt Virbereedung wënschen Iech,
d’Geeschtlech Claude Bache a Ferdy Fischer
Weider…
D‘Geeschtlech, d‘Porsekretärin an d‘Katechetinnen, grad wéi de ganze Porverbandsrot,wënschen Iech:
E SCHÉINE CHRËSCHTDAG AN E GLÉCKLECHT NEIT JOER
FROHE WEIHNACHTEN UND EIN GLÜCKLICHES NEUES JAHR
VROLIJK KERSTFEEST EN EEN GELUKKIG NIEUWJAAR
BLESSED CHRISTMAS AND A PEACEFUL NEW YEAR
JOYEUX NOËL ET PAIX POUR L‘ANNÉE NOUVELLE
FELIZ NAVIDAD Y PROSPERO ANO NUEVO
BUON NATALE E FELICE ANNO NUOVO
FELICES NAVIDADES Y ANO NUEVO
BOAS FESTAS E FELIZ ANO NOVO
BOM NATALE FELIZ ANO NOVO
GOD JUL OCH GOTT NYTT AR
Weider…De Porbüro ass an der Chrëschtvakanz zou vum
19.12.2011 – 02.01.2012
Weider…