Dir fannt am Porsekretariat eng Bibliothéik mat iwwer 600 Bicher, déi nach ëmmer erweidert gëtt. D’Leit aus eise Pore kënnen hei gratis Bicher ausléinen a Studenten Informatiounen iwwer hir Gemeng an d’Pore nosiche kommen. Hei sinn och d’Archive vun de Poren ënnerbruecht.
Dir fannt hei och all Dokumentatioun fir Kanner- a Jugendpastoral, souwéi fir d‘Liturgie an d’Pastoral fir krank an eeler Leit.
Öffnungszäiten
D’Porbibliothéik ass zu den Öffnugszäiten vum Por-Center zougängech:
Méindes vu 17:30 bis 19:00 Auer a
Freides vu 16:30 bis 18:00 Auer.
Ausléine vu Bicher as méiglech. Dir musst awer dofir an de Por-Center kommen.