Chèque Iwerreechung bei de Sandweiler Guiden a Scouten
D’Guiden a Scouten vu Sandweiler haten e Chrëschtmaart organiséiert an hun Chrëschtdag d’Friddensliicht ausgedeelt. Den Erléis vun 1250 Euro hu se viru kurzem op hirem Theater der ONG “Eng Welt” vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten iwwerreecht. De Vertrieder vun der ONG huet erklärt, dass mat dëse Suen d’Aktioun “E Bic fir den Niger” ënnerstëtzt get. Sie kafe Bläistëfter, Bicer, Hefter a Biicher déi d’Schoulkanner am Niger néideg brauchen.

